Trail-Uewersauer: De Florian Neuschwander wënnt no 52,5 km

RTL - 20.11.2011, 16:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.11.2011, 07:43

An der 9. Editioun vum Trail-Uewersauer gouf et no 52,5 km eng Victoire vum däitschen Florian Neuschwander, dat virum lëtzebuerger Champion Thierry Hübsch.

Domat goufen och fir déi éischte Kéier d'lëtzebuerger Meeschterschaften am Trail organiséiert.

Den Thierry Hübsch leeft mat engem Retard vun ronn 9 Minutten als 2ten iwwert d'Arivée, dat virum Jose Azevedo op ronn 12 Minutten. De Christian Krombach gëtt den 3. Lëtzebuerger, dat 25 Minutten hannert dem Neuschwander.

Bei den Dammen wënnt d'Daniele Raach den éischten nationalen Trail-Titel, dat virum Tania Arensdorf an dem Lynn Dupont.


9.Editioun vum Trail Uewersauer (20.11.2011)
Um Sonndeg woar et dei 9.Editioun vum Trail Uewersauer wou eng 900 Leefer un den Départ goungen.